Nos évènements

Kids & Teens Creative Art Camp

09/09/2024

Du wëlls eppes Neies entdecken, léieren dech kreativ ze verwierklechen, eppes ganz selwer gestalten a kreéiere? Da komm op eise KreativArtCamp zu Miersch! Op dëser besonnescher Kolonie sinn denger Fantasie keng Grenzen gesat, hei kanns du kënschtleresch an eenzegaarteg Deeg verbréngen.

Zeechnen a Bastele, ee Slime selwer maachen, T-Shirts Batik respektiv Tie Dye, Schmuck Kreatioune, Molerei mat Muermelen, Blatdrock, Dotpainting, Facepainting a villes méi!  Eng jonk Artistin begleet eis dës Deeg. Ausserdeem erwaart dech ee flotten Daaresausfluch an de Park Sennesräich zu Lëllgen.

Natierlech sollen d’Spiller och net ze kuerz kommen! Free dech op flott Spiller an Aktivitéiten, mat dengen neien Frënn! Eng gemeinsam Fackelwanderung a Lagerfeier mat Marshmallows a Stockbrout.

En savoir plus

Kolonie Weltrees

29/08/2024

Eng Rees ronderëm d'Welt ass ëmmer een eenzegaartegt Erliefnis. Zesummen wëlle mir d'Welt mat senge ville Länner, Kontinenter a Kulturen entdecken. All Dag stinn op desem Camp zwee bis dräi verschidde Länner mat verschiddenen zu dësen Landthemen passenden Aktivitéiten um Programm.

Mir léieren nei Saachen iwwer des Länner, kachen Platen aus der ganzer Welt a spillen Spiller aus auslännesche Kulturen. Leckert Iessen aus Italien oder Amerika, selwer gebastelt Instrumenter wei bei den Naturvölker an Australien, oder wéi wier et mat engem faarwegen Draach wéi an China ? Komm mat op eng abenteuerlech kulinaresch Rees a léier d’Kulturen aus den aneren Länner kennen !

En savoir plus

Piraten Kolonie

15/08/2024

Hei kommen all d’Waasserraaten, d’Matrousen an d’zukünfteg Piraten zesummen. Wann’s du een richtegen Pirat wëlls ginn, gehéiert do och definitiv eng Piraten-Aanklapp an ee Piratefändel dobäi ! 

 Natierlech bastelen mir daat wärend eiser spannender Kolonie. Free dech op eis grouss alljährlech Piratenschatzsich, Piraten-Minigolfen a weider flott Ausflich. Um berühmte Schëff Marie-Astrid sin mir selwer d’Kapitänen an d’Besatzung vum Scheff dat mir fir eng kleng Rees op der Musel kaperen. 

Véier Deeg voll mat Spiller, Spaass an Abenteuer erwaarden DECH ! Léier nei Frënn kennen, an mat engem Team déi verschidden Herausfuerderungen ze meschteren.

En savoir plus

Kolonie Mam beschten Frend vum Mensch

01/08/2024

Du hues Hënn immens gär ? Dann huel un der dretter Editioun vun eisem Camp zum Thema Hënn deel ! Zesummen mat enger Hondstrainerin bréngen mir den Kanner mat Freed an op spilleresch Art an Weis den harmoneschen an verantwortungsvollen Ëmgang mam « beschten Frënd vum Mënsch » bäi. 

GANZ NEI : Mir hun een ganz léiwen Familljen-Hond deen eis déi ganz Kolonie iwwer begleed an d’Nuecht mat eis am Chalet verbréngt. Sief also dengem Lieblingshausdéier permanent pattno.

Léier d’Kierpersprooch vun den Hënn richteg liesen, baack Hondsleckerlien, léier wéi een Tricks bäibréngt, Agility an wéi een den Hond richteg fleegt. Maach den Hondsführerschäin an vill flott Spiller

En savoir plus

Kolonie Atlantis

18/07/2024

Wëllkomm an der Ënnerwaasserwelt Atlantis! D’Legend seet, dass Atlantis eng schéin Insel war. D’Bewunner ware räich an hate vill Selwer a Gold. 

Bis deen Dag wou d’Insel ennergaang ass an ni méi gesi gouf. Haut gelt des Insel nach ëmmer als Mythos. Jiddereen wees vun der geheimnisvoller Insel mee fonnt gouf se bis haut nach net. Mir ginn elo op d’Sich no Atlantis a brauchen dobäi deng Hëllef! Alles dréint sech des besonnegt Woch ëmmt Waasser. 

Dech erwaarden véier Deeg vollgepaakt mat Waasserspiller, Waasserbommen-Volleyball, Waasserbommen-Pingpong, XXL Seeferutschbahn an villes méi! 

Huel un Fakelwanderungen duerch den Park deel an erlief mat eis eng onvergiesslech Zäit! Ausserdeem machen mir, vir déi Kanner déi wellen, een Ausfluch an d’Schwemm, den Nordpool zu Colmar-Bierg. 

Fir déi jonk Kanner hunn mir natierlech Äermercher an eis geschoulten Animateuren an déi lokal Schwammmeeschtere sin dobäi fir op d’Kanner opzepassen.

En savoir plus
Itinéraire